
Dat bidden ech un:
Anamnese
Dat éischt Treffen, dauert ë bëssen méi laang. Dobäi kucke mer eis un, wou de Schong dréckt an ech entwécklen een Konzept fir de weideren Training fir dat jeweilegt Team. 90 Minutten 90 Euro TTC
Eenzelstonn
Individuellen Training, ganz op dech an däin Hond ofgestëmmt.
60 Minutten
60 Euro TTC
En Hond kënnt-
Versioun 1
Dat ass fir wannsde scho wees, ween däi Lierwe beräichere wärt: Oft seet ee sech: Oh wann ech dat gewousst hätt… Ech géing dat elo ganz aneschters vu vir eran ugoen! Hei beroden ech Dech, watsde brauchs (an net brauchs) oder wësse sollt ier den Hond do ass, a wéi der di éischt Zäit am Beschten gestalt. Präis: Je no Opwand- online méiglech
En Hond kënnt-
Versioun 2
Wannsde nach net konkret ass wee komme soll: Och hei ass et sënnvoll sëch beroden ze loossen. Wéi en Hond passt bei ons? Wat sinn rassentypesch (heizou zielen ech och regional sougenannt Typen) Besonnerheeten déi antriede kéinten? Ech beroden och gär bei der weideren Auswiel, wann een sëch an d‘ „Aa“ gefaasst huet. Well et soll een jo idealerweis zesummenpassen. Aus Mënschesiicht awer och aus Hondssiicht. Präis: je no Opwand -online méiglech
Maulkuerw? Maulkuerw!
En Maulkuerw deen dem Hond gutt passt, stéiert e kaum a schenkt Fräiheet a Sécherheet! Och dem Hondshalter, deen dann vläit ë bësse manner nervös ass, bei verschiddenen Aktivitéiten. Datt den Hond de Maulkuerw an entspaanten Situatioune kenneléiert ass immens sënnvoll. Well, falls engkéier eng Urgence ass an et dem Hond net gutt geet (zB duerch eng Blessur) an en dann beim Veterinär een vum Veterinär muss kréien (well d Behandlung soss net méiglech wär), dann passt deen éischtens wahrscheinlech net optimal an den Hond huet am Endeffekt nach méi Stress. Ech beroden ärch gären och hei. Ech hunn selwer eng kleng (wuessend) Auswiel un verschiddene Maulkierw, déi mir dem Hond uprobéiere kënnen an ech kann uschléissend fir ärch de richtege Modell bestellen. Außerdem kann ech ärch wieder erklären wourop et bei der Wiel vum Maulkuerw ukënnt, egal op et em Passform oder de Sëcherheetsaspekt geet (ganz vill gängesch Maulkierw sinn definitiv net Bëssfest an anerer kann den Hond sëch, wann een en net optiméiert, erofzéihen). Präis je no Opwand